5. Editioun vum Taste on wheels (TOW)


14 October 2023

De 9. September wuar déi 5. Editioun vum Taste on wheels (TOW). Dobäi handelt et sech ëm eng Randonnée Gourmande mam Vëlo, déi vum Lex a Laurent Reichling organiséiert gëtt.

Bei dëser Editioun si ronn 100 Vëlosfuerer matgefuer. Den Depart war moies nom Kaffi zu Miersch op der Maartplaz. No ronn 50 km war dunn eng Paus zu Monnerech, wou Nuddelen zerwéiert gi sinn, ier de Parcours nees zréck op Miersch gefouert huet, wou dee leschte Gang um Menü stoung.

Taste on Wheels steet, wéi gesot, ganz am Zeeche vum gudden Zweck an dowéinst goufen och eng ganz Partie Trickote vu bekannte Cyclisten a Sportler versteet wéi zum Beispill vun ënnert anerem Christine Majerus, Marie Schreiber, Jempy Drucker, Bob Jungels a Jakob Fuglsang.

Dëst Joer huet den TOW e Montant vu 6000 € gesammelt. De Betrag gouf un d’Associatioun "Cycling for Health" gespent, déi sech fir d’Lutte géint de Kriibs asetzt.

D’Iwwerreechung vum Scheck war en Donneschden den 12. Oktober um Lampertsbierg a Presenz vum Laurent a Lex Reichling, Serge Haag, Alberto Morandini a Christophe Diederich.