4 Elitesportler am Asaatz vun der Kriibsfueschung


17 November 2018

Léif Veloskolleegen, léif Memberen,
léif Sponsoren & Partner,

De Philippe Goessens, den Tim Diederich an d'Reichling Twins Lex & Laurent (Tooltime Préizerdaul) waaren de 15.7.  um Départ vun der 21. Editioun vun der Transalp, enger MTB Course vun insgesamt 500 Kilometer an 18.000 Héichtemeter (reportage RTL).

Des Initiative hatt zum Zweck Spenden ze sammelen fir d'Kriibsfueschung ze enerstetzen -  an daat Ziil hu si net nemen erreescht mee iwertraff!

Sou konnten si Cycling for Health geschter Owend am Trail Inn Hotel (Berduerf) e Schek vun 8000 Euro iwerreeschen. Daat ass déi gréist finanziell Enerstetzung déi Cycling for Health sait hirer Grenung kritt huet! 
    
Cycling for Health seet deene 4 sympateschen Cyclisten an alleguer deenen déi si enerstetzt hun villmools MERCI !