Last News DHL Télévie Tour 2019


28 February 2019

Vu dass dëst Joer den DHL Télévie Tour eng enorm laang Distanz géif kréien, huet de Comité vum C4H decidéiert 2 Tier ze maachen. Mir hunn elo en Nord an en Süd Tour an mir bieden Iech ons matzedeelen wéi en Tour dass dir wëllt fueren.

Den Süd Tour ass méi liicht an méi kuerz – also manner ustrengend. Dëst 2 Tier treffen sech am Zentrum d.h. zu Miersch am Centre de Promesses wou mir dann zesummen an den CdP op Jonglënster fueren an vun do zerëck an d’RTL City.

Dir fannt weider Informatiounen um Site www.cycling4health.lu ënnert der Rubrik DHL Télévie Tour.

Mir wënschen Iech elo schonn gutt Been an gutt Wieder.

De Comité