Sponsors Télévie on Tour DHL

Télévie Tour 2019

Télévie Tour

Télévie Tour

 

Den 27. Abrëll 2019 ass déi 5. Editioun vum Télévie Tour. Dësen ass an d’Liewen geruff ginn vun RTL Group an säit 2 Joer huet den Cycling For Health des Missioun iwwerholl. D’Randonnée fiert an all Télévie Zenter vum Joer wou +/- 80 Cyclisten sech drun bedeelegen. Mat grousser Leidenschaft an fir den gudden Zweck geet et mueres fréi an der RTL City fort an mat Begeeschterung ginn sie och hei erëm owes häerzlech empfaang. All Joer sinn et ongeféier 180 Kilometer déi gestrampelt ginn, an d’Randonnée ass organiséiert an finanzéiert vun Cycling for Health.

Den ganzen Oflaf vum Dag steet ënnert dem Moto – Solidaritéit am Grupp – zesummen fueren an zesummen ukommen. Securitéit steet natierlech hei op éischter Platz an Cyclisten ginn dofir den ganzen Dag vun hirem eegenen Ravitaillement ënnerstëtzt.

Ziel vun dëser flotter Initiative ass et Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen - all Joer iwwerreecht Cycling for Health dem Télévie en groussen Scheck an der Live Emissioun wat een nokucken kann um Site www.televie.lu

Wann och där eis hellefe welt d'Kriibsforschung ze enerstetzen, da schrieft iech elo an : inscription Télévie Tour 2019 

 

 

 

Télévie 2018

Size Chart